Relatioun online virgetäuscht an no Sue gefrotSidd Dir scho mol Affer vu "Love Scamming" ginn?

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Emissioun iwwert "Love Scamming" siche mir Leit, déi schonn emol online Affer vun esou enger Arnaque goufen.
© Shutterstock

Sidd Dir selwer oder eng Persoun, déi Dir kennt Affer gi vun enger Online-Arnaque, bei där eng Persoun Iech online eng Relatioun virgetäuscht huet an Iech duerno dozou animéiert huet, Suen ze iwwerweisen oder an dubiéis Wäertpabeieren/Krypto-Wärungen z’investéieren? Fir eng Emissioun siche mir Temoignagen.

Wann Dir Är Erfarungen deelen an aner Leit warne wëllt, kënnt Dir Iech gäre per Email un dossier@rtl.lu oder un anne.wolff@rtl.com bei eis mellen. All d’Temoignagë ginn anonym behandelt.

RTL-News (27.8.25): “Et huet sech einfach gutt ugefillt": Den Trend vum “Love Scamming” hëlt och zu Lëtzebuerg zou

Back to Top
CIM LOGO