Enkeltricker si kale Kaffi. Haut lafen eeler, ma och jonk an Internet-afine Leit ëmmer méi dacks op Social Media bei frauduléisen Internet-Romanze bäi.

De Bedruch mat vermeintleche Gewënner aus Krypto-Wärunge kënnt aus dem asiatesche Raum a gëtt "Pig butchering" – also Schwäi schluechten – genannt. Dës perfid Masch kascht Affer weltwäit héich Zommen. D’Autoritéite schéngen deem Ganzen net vill entgéintsetzen ze kënnen. D'Shreya Datta ass selwer rezent op esou e "Love scam" eragefall: "Den Ancel ass ganz anescht eriwwerkomm, ewéi vill Leit, déi een esou op enger Dating-App trëfft. En ass mega éierlech eriwwerkomm. Hie sot, e wier un enger seriöer Relatioun intresséiert. Hien huet ëmmer séier geäntwert an huet vill mat mer geschriwwen. Et huet sech einfach gutt ugefillt."

Romantesche Bedruch – oder ewéi se online soen "Pig butchering" - fänkt dacks harmlos un. Eng Frëndschaftsufro, e Like oder eng Messenger-Noriicht iwwer Dating-App oder Social Media, erkläert d'Muriel-Larissa Frank, Wëssenschaftlerin an der Internetsécherheet op der Uni Lëtzebuerg: "An der éischter Phas, dat nenne mer "Pig hunting", do sichen déi Onéierlech an de sozialen Netzwierker no hiren Affer. Si ginn duerch d'Profiller, kucken op d’Affer sech potentiell lount, a wa se eent fannen, gëtt dat kontaktéiert."

Hannendru stécht awer generell e kriminellt Netzwierk, dat mat vill Gedold Vertrauen opbaut, fir dono no Suen ze froen. Déi Kriminell sëtzen zu engem groussen Deel a Südostasien. E Milliarde-Geschäft, esou d'Muriel Frank: "An der Reegel maachen déi Leit dat net fräiwëlleg. Et muss ee sech dat wierklech esou virstellen, ewéi eng grouss Kleederfabrick. Do ass awer näischt dobannen ewéi Dëscher, Mënsche mat Handyen oder Computeren. Deels hunn déi Leit 50 Handyen do leien. Well se mat 50+ potentiellen Affer gläichzäiteg kommunizéieren. Déi Leit kruten deelweis hire Pass ofgeholl. Oder et gëtt hinne mat Folter gedreet."

D’Netzwierk ass deels esou grouss, datt Fleuriste mat dëse schaffen, fir Blummen un d’Affer ze verschécken. Frae ginn engagéiert (Fleurist Scam 1) fir den Affer unzeruffen, respektiv hinne Fotoe vu sech ze schécken. Och KI kennt ëmmer méi zum Asaz. "Et geet ëm emotional Ofhängegkeet a Vertrauen. Well réischt, wann ech gewëllt sinn, där Persoun ze vertrauen, dann trauen ech him och zou, datt e mat mir eng gemeinsam Zukunft opbaue wëll. An da sinn ech och bereet, an eis Zukunft ze investéieren. An dëser leschter Phas, dem "Pig killing" do geet et drëm, datt den Onéierlechen d’Affer dozou animéiert, méi kleng oder gréisser Geldbeträg an zum Beispill Kryptowärungen ze investéieren."

Dës Zort vu Bedruch fënnt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Affer, erkläert de Jeff Kaufmann vu Bee Secure. Wéi kann ee sech am beschte schützen? Déi wichtegst Reegel ass skeptesch ze bleiwen an d’Profiller vun dëse Leit ze iwwerpréiwen: "Et soll een dës Profiller mol einfach mat deene vu Kolleege vergläichen. Änele sech dës Profiller oder wierkt eppes suspekt? Et kann een zum Beispill och mat Internet Sichmachinnen oder KI-Tools Fotoe kontrolléiere goen, ob dës richteg sinn oder mat KI generéiert oder geklaut goufen."

De romantesche Bedruch, respektiv "Pig butchering", bleift eng grouss Gefor am Netz. Nëmme mat kriteschem Denke ka verhënnert ginn, datt Gefiller verletzt – mee och Konten eidel geraumt ginn.

Sidd Dir schonn eng Kéier Affer vun engem "Love Scam" oder enger Zort affektiver Erpressung ginn? Da mellt Iech mat Ärer Geschicht op opruff@rtl.lu.