DuisburgSpadséiergänger entdeckt ausgebrannten Auto mat Läich dran

RTL Lëtzebuerg
D'Police vun Duisburg ass den Ament mat engem mysteriéise Fall beschäftegt. E Spadséiergänger huet en ausgebrannten Auto mat enger Läich dra fonnt.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Nëmmen e puer Meter weider stoung iwwerdeems nach e weideren Auto, dee wuel frontal an e Bam geknuppt war.

D’Police geet dovunner aus, datt sech de Virfall an der Nuecht op Chrëschtdag zougedroen huet. D’Läich aus dem ausgebrannten Auto gouf antëscht obduzéiert, den Ament konnt allerdéngs weder d’Identitéit nach d’Doudesursaach festgestallt ginn.

Elo probéiert d’Polic, iwwer d’Besëtzer vun den Autoen de Fall opzeklären, et konnt awer nach kee vun hinnen ugetraff ginn. Och ginn Zeien, déi de Brand oder aner verdächteg Saache gesinn hunn, gebieden, sech ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO