Panik a Schleswig-HolsteinSpann gesinn an esou haart gejaut, dass d'Police koum

RTL Lëtzebuerg
Panescht Gejäiz vun enger jonker Fra huet zu Bosau an Däitschland en Dënschdeg den Owend fir e Policeasaz gesuergt.
© AFP

E Foussgänger hat déi jonk Fra héiere bierelen an huet ouni ze zécken d’Police alarméiert. Kuerz drop koum déi dunn och an huet sech en Zougang zum Appartementshaus verschafft, aus deem dat panescht Gejäiz ze héiere war.

E Gewaltverbrieche konnt dunn awer zimmlech séi ausgeschloss ginn, nodeems eng ganz “verwonnert” jonk Fra virun hinne stoung, déi sou guer net a Panik war. Deemno hat déi 20 Joer jonk Fra, nodeems si e puer Spannen erbléckst hat, hir Beherrschung verluer. Dat géif dat “panescht Gebierels” erklären.

Déi “perséinlech Ausnamesituatioun” hätt sech awer scho berouegt gehat, ier d’Beamten op der Plaz waren. Eng Rettungsaktioun war deemno net méi noutwenneg an et blouf bei engem nawell scho komesche Virfall.

Back to Top
CIM LOGO