
Am Kader vun engem Chantier um Terrain vum ale Policebüro zu Tréier si bei Gruewungen d’Iwwerreschter vun engem reliéise Site fir de réimesche Gott Mithras entdeckt ginn. En Dënschdeg de Moie war den Tréierer Oberbürgermeister Wolfram Leibe zesumme mam Inneminister vu Rheinland-Pfalz Michael Elbling um Chantier an am Landesmusée, wou si sech déi verschidden Decouvertë vum Dr. Joachim Hupe vun der Landesarcheologie weise gelooss hunn.
Schonn zanter Februar ass en Team vun Archeologen um Site, fir erauszefannen, wat de Buedem ënnert dem Terrain hiergëtt. Wat elo fonnt gouf, wier souguer fir Tréier eppes Besonnesches, wou jo awer méi dacks Iwwerreschter aus der réimescher Zäit un d’Dagesliicht kommen, esou de Wolfram Leibe.
Deel vun der Decouverte ass eng 1,20 Meter grouss Figur vun engem “Cautes” - ee Begleeder vum Gott vun der Luucht Mithras, deen eng Fackel mat sech dréit an de Sonnenopgank symboliséiert.
Den Zäitplang fir de Chantier, mat deem een neie Pompjeesbau entstoe soll, géif duerch d’Decouverte awer net duerchernee geroden, esou nach den Oberbürgermeister vun Tréier.
