Wéinst SteierhannerzéiungStarkach Alfons Schuhbeck sëtzt elo am Prisong

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch ass de 74 Joer ale Kach am Prisong Landsberg am Lech ukomm, dat huet d'Cheffin vum Prisong, Monika Groß, matgedeelt.
© AFP (Archiv)

An Däitschland sëtzt de Starkach Alfons Schuhbeck elo am Prisong. Hie gouf jo wéinst Steierhannerzéiung zu dräi Joer an zwee Méint Prisong verurteelt. E Geriicht war zur Conclusioun komm, datt den Televisiounskach 2,3 Milliounen Euro laanscht de Fisk soll geschleist hunn.

Säin Appell war vum Bundesgeriichtshaff zu Karlsruhe gréisstendeels ofgeleent ginn. D’Landgeriicht München huet nëmme missen nei driwwer verhandelen, wéi vill Suen de Schuhbeck zeréckbezuele muss.

Scho 1994 war hie wéinst Steierbedruch verurteelt ginn.

Dem 74 Joer ale fréiere Stärekach Schuhbeck seng Restauranten zu München sinn entretemps faillite.

Back to Top
CIM LOGO