
Zanter dem 1. Januar sinn a China op Verhütungsmëttel zousätzlech Steieren ze bezuelen, dat nodeems dës Produiten zanter gutt dräi Joerzéngte steierfräi waren. Wéi et an engem Schreiwes vun der chineesescher Regierung heescht, gëllt dës Steier vun 13 Prozent souwuel fir Kondomer, wéi och fir Antibabypëllen.
Grond fir déi niddreg Zuele vu Gebuerten a China ass d’Ee-Kand-Politik, duerch déi tëscht 1980 an 2015 probéiert gouf, d’Gebuertenzuelen anzedämmen an ze kontrolléieren. De Famillje war et also erlaabt, jeeweils nëmmen ee Kand ze kréien. 2016 huet déi Kommunistesch Partei dann decidéiert, de Familljen zwee Kanner ze erlaben, fir de Bevëlkerungswuesstem nees unzedreiwen. Zanterhier sinn d’Zuelen awer alles anescht wéi geklommen. Wärend et am Joer 2016 nach ronn 19 Millioune Gebuerten a China gouf, waren et der 2024 nëmmen nach 9,5 Milliounen.