100 AarbechtsstonnenStudent, deen Eeër op de Kinnek Charles III. geheit hat, verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Visitt vum brittesche Kinnek Charles III. zu York den 9. November zejoert hat e brittesche Student mat Eeër op de Monarch gehäit.
© POOL/AFP/James Glossop

E Freideg huet e Geriicht hien dowéinst dozou verurteelt, 100 Aarbechtsstonnen am Déngscht vun der Allgemengheet ze leeschten. Hie gouf ënner anerem wéinst “geféierlechem Verhale” verurteelt. D’Geriicht zu York gesäit et als erwisen un, dass den 23 Joer ale Mann op d’mannst 5 Eeër an Direktioun vum Kinnek geworf hätt.

De Mann hat viru Geriicht op “net schëlleg” plädéiert. Dat well hien aus Noutwier géigeniwwer der Gewalt, déi vum brittesche Staat ausgoe géif, gehandelt hätt. Nodeems hien d’Eeër geheit hat, hat hie geruff, dass Groussbritannien um Blutt vu Sklaven erriicht gi wier, an dass den Charles III. net säi Kinnek wier.

Back to Top
CIM LOGO