
E Samschdeg ass hien dunn eng zweet Kéier op de Fuji geklotert, dat well hie beim éischte Rettungsasaz säin Handy do leie gelooss huet. E Wanderer huet de chineesesche Student du fonnt an d’Autoritéite kontaktéiert, déi hien aus ronn 3.000 Meter Héicht an e Spidol bruecht hunn. Et bestoung beim him de Verdacht op eng sougenannt “Héichtekrankheet”.
D’Wanderweeër vum Fuji sinn an der Reegel just vun Uganks Juli bis Uganks September op. De Rescht vum Joer ass d’Spëtzt vum héchste Bierg vu Japan vu Schnéi bedeckt.