Inoffizielle Badge "Punching Pooh"Taiwanesche Bier schléit Xi-Karikatur an d'Gesiicht

RTL Lëtzebuerg
Op engem Ofzeeche vun der taiwanescher Loftwaff ass ze gesinn, wéi de Winnie Pooh an d'Gesiicht geschloe gëtt - eng Uspillung op de chineesesche President.
© AFP/Sam Yeh

An Taiwan ginn am Moment patriotesch Badgë vun der Loftwaff viral. D’Ofzeechen, dat op d’Uniform gestreckt ka ginn, ass en trotzege Message un de chineesesche Staatschef Xi Jinping, mat deem dacks de Geck gemaach gëtt, well hie wéi de Bier aus dem Comic ausgesi géing.

An de soziale Medie sinn d’User vun de Badgë begeeschtert: “Et ass erstaunlech. Dat ass dat Schéinst, wat ech an de leschten Deeg erlieft hunn”, huet ee User op Facebook geschriwwen. En anere Fan ass dofir, datt een d’Ofzeeche misst undoen, wann een “duerch de chineeseschen Zoll” geet.

Leschte Weekend huet China Militärmanöver virun Taiwan als Reaktioun op d’Entrevue tëscht der taiwanescher Presidentin an dem Spriecher vum US-Representantenhaus ofgehalen. Wärend de chineeseschen Exercicer huet den taiwanesche Verdeedegungsministère Fotoen a Videoe publizéiert, fir seng militäresch Bereetschaft ze demonstréieren. Virun allem eng Foto vun engem Pilot vun der Loftwaff bei der Inspektioun vun engem Kampfjet huet an de sozialen Netzwierker fir Opmierksamkeet gesuergt. Um Aarm vum Pilot war de Badge ze gesinn, op deem e Schwaarzbier dem Winnie the Pooh an d’Gesiicht schléit.

© Taiwan’s Ministry of National Defense/AFP/File/Handout

D’Ofzeeche mam Winnie the Pooh gëtt et an zwou Versiounen: Op där enger steet “Fight for Freedom”, op där anerer “We are open 24/7". Op engem drëtte Badge, deen d’lescht Joer entworf gouf, gëtt en taiwanesche Kampfpilot gewisen, deen e Panda - d’chineesescht Nationalsymbol - schléit.

© AFP/Sam Yeh

RTL News: Taiwan: 9 Krichsschëffer a 26 Militärfligeren an Dronen ronderëm d’Insel detektéiert

Back to Top
CIM LOGO