
Wéi ënnert anerem TMZ mellt, ass de Moderator vun der “Jerry Springer Show”, an där sech d’Gäscht méi dacks emol an d’Hoer kruten, no “kuerzer Krankheet” en Donneschdeg de Moie gestuerwen.
Dem fréiere Politiker an Entertainer seng Show ass vun 1991 bis 2018 gelaf. Mat der “Jerry Springer Show” gouf dann och een neie Genre gebuer: “Trash TV”. Viru senger Karriär an der Tëlee war den Jerry Springer an der Politik aktiv a war tëscht 1977 an 1978 demokratesche Buergermeeschter vun Cincinnati.