Spektakulären Déifstall zu Gelsenkirchen (D)Täter buere Lach a Mauer vun Tresor-Raum a flüchten onbemierkt

Jeff Birsens
An enger Agence vun der "Sparkasse" zu Gelsenkirchen ass bis elo onbekannten Täter e grousse Coup gelongen. Vun engem Parking aus solle si sech an den Tresor-Raum vun der Bank gebuert hunn.
© Polizei Gelsenkirchen

Zu Gelsenkirchen am däitschen Nordrhein-Westfalen ass e Méindeg ee groussen Déifstall opgeflunn. Wéinst engem Feieralarm am Tresorraum vun der “Sparkasse” waren d’Pompjeeë kuerz viru 4 Auer an der Nuecht an den Asaz geruff ginn. Wéi si do awer ukomm waren, hu si just nach ee grousst oppent Lach an der Mauer fonnt. Wéi d’Police méi spéit matgedeelt huet, sollen d’Täter sech mat der Hëllef vun enger grousser Buermaschinn vun engem Parking aus Zougang zum Raum verschaaft hunn, wou si dann onbemierkt Wäertgéigestänn matgoe gelooss hunn.

Wéi héich de finanzielle Schued ass, ass aktuell nach onkloer. Den Täter ass et an engem éischte Schrëtt gelongen, sech onbemierkt duerch d’Bascht ze maachen. Dowéinst sicht déi däitsch Police elo no Zeien.

Back to Top
CIM LOGO