
D’Tatiana Schlossberg, déi fir d’"New York Times” iwwer Wëssenschafts- a Klimatheeme geschriwwen huet, hat am November bekannt ginn, datt si un enger aggressiver Form vu Leukemie géing leiden. D’Diagnos hat si kuerz no der Gebuert vun hirem zweete Kand kritt. Et wier eng Zort Kriibs, deen an der Reegel bei eelere Leit géing optrieden, an awer och bei Leit, déi bei den Uschléi vum 11. September 2001 zu New York als éischt op der Onglécksplaz ware fir ze hëllefen.
Iwwert de Robert F. Kennedy, dee vun der Administratioun Trump zum Gesondheetsminister ernannt ginn ass, hat d’Tatiana Schlossberg sech kritesch geäussert.
Si war d’Duechter vum Designer Edwin Schlossberg an der Diplomatin Caroline Kennedy, déi als eenzegt vum ermuerte President John F. Kennedy senge Kanner nach lieft.