GroussbritannienTëlees- an Online-Pub fir Junk Food zanter e Méindeg verbueden

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
An England sinn 22 Prozent vun de Kanner, déi an d'Primärschoul ginn, iwwergewiichteg oder adipös. Déi nei Mesure vun der Regierung soll dat änneren a laangfristeg gesondheetlech Beneficë bréngen.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Zanter e Méindeg ass et a ganz Groussbritannien verbueden, Pub fir sougenannt Junk Food ze maachen. Et wier déi weltwäit decisiivsten Aktioun géint Iwwergewiicht bei Kanner op der ganzer Welt, sou déi brittesch Regierung. D’Verbuet bezitt sech op Pub fir Produiten, déi vill Fett, Zocker oder Salz hunn. Op der Tëlee ass d’Diffusioun virun 21 Auer verbueden an online de ganzen Dag iwwer. De Gesondheetsministère geet dovun aus, datt d’Zuel vun de Kanner, déi mat Iwwergewiicht liewen, duerch dës Mesure ëm 20.000 erofgeet an am Ganze ronn 2 Milliarde brittesch Pond u gesondheetleche Beneficë bréngt. Nieft dem Verbuet vun der Pub ass et de lokalen Autoritéite vun elo un och erlaabt, Fast-Food-Betriber ze stoppen, déi sech nieft Schoulen installéieren.

D’Verbuet, dat am Dezember 2024 annoncéiert gouf, ass ee weidere Schrëtt vun der Regierung an der Lutte géint Iwwergewiicht. Virdru gouf och schonn eng méi héich Zocker-Steier op verpaakte Produite wéi Milkshaken, Ready-to-go-Kaffien a séiss Jughurt-Gedrénks geluecht. 22 Prozent vun de Kanner, déi an England d’Rentrée an der Primärschoul maachen, wieren iwwergewiichteg oder adipös. Dës Zuel géif am Verlaf bis an de Lycée souguer ëm een Drëttel an d’Luucht goen, sou d’Regierung an engem Bericht.

Back to Top
CIM LOGO