
Den Himmel iwwer Europa gëtt e Mëttwoch den Owend zur Bün fir en aussergewéinlecht astronomescht Spektakel. Den 12. August 2026 zitt de Mound virun d’Sonn a suergt a verschiddene Regioune fir eng total Sonnendäischtert. Total ze gesinn ass d’Phenomeen ënner anerem a Grönland, Island an am Norde vu Spuenien. A villen aneren Deeler vun Europa kann d’Sonnendäischtert op d’mannst deelweis observéiert ginn.
RTL.lu weist zwee offiziell Livestreame vun der European Space Agency (ESA), déi d’Evenement aus verschiddene Perspektiven live iwwerdroen.
Am éischte Livestream iwwerdreift d’ESA direkt aus dem "Javalambre Astrophysical Observatory" an der spuenescher Provënz Teruel. Den Observatoire läit am Beräich vun der Totalitéit, wou d’Sonn wärend e puer Minutte komplett vum Mound verdeckt gëtt.
Am zweete Livestream steet d’Observatioun vun der Sonnendäischtert am Mëttelpunkt. Iwwer en Teleskop-Feed kënnt Dir d’Totalitéit vun der Sonnendäischtert an detailléierte Live-Biller verfollegen. Dobäi sinn och déi verschidde Phase vun der Sonnendäischtert aus noer Distanz ze gesinn – vun deenen éischte Verännerunge bis zur Totalitéit.