
D’Plainte géint de Schauspiller Alec Baldwin wéinst engem déidleche Schoss beim Tournage vun engem Film gëtt fale gelooss. D’Ermëttlunge ginn awer weider. D’Ëmstänn vum Virfall solle gekläert ginn.
Am Oktober 2021 hat de Schauspiller um Set vun engem Film presuméiert ouni Absicht eng Kamerafra erschoss, well echt Munitioun am Revolver war. Wéi dat konnt passéieren, ass nach ëmmer onkloer.
De Schauspiller Alec Baldwin hat op “onschëlleg” plädéiert. Hien hätt net wësse kënnen, datt de Revolver schaarf geluede war.