Euro amplaz ForintUngareschen Aarbechter gouf a falscher Wärung bezuelt, Parquet schalt sech an

RTL Lëtzebuerg
Amplaz vun 92.549 Forint (ronn 238 Euro) krut e Mataarbechter vun enger ungarescher Firma dëse Betrag an Euro ausbezuelt.
© AFP (Archiv)

Domadder krut hien zum Ament vun der Iwwerweisung knapp 367 Mol esou vill, wéi hien u sech fir seng Aarbecht sollt kréien. De Mann huet sech bis ewell awer dogéint gewiert, fir d’Suen u säi Patron zeréckzebezuelen. Dowéinst huet sech de Parquet elo agemëscht an de Mann op d’Geriicht geholl.

Hie gëtt beschëllegt, sech d’Suen onrechtméisseg uneegent ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO