
Wéi et vun der brittescher Zeitung “The Sun” heescht, war d’Meedche schonn eng Woch viru sengem trageschen Doud bei engem Dokter, dat wéinst typesche Grippesymptomer. Et krut Antibioticken, no enger allergescher Reaktioun op dës dunn eng Woch spéider Féiwer-Jus a Paracetamol verschriwwen.
De Papp hat seng Duechter dunn enges moies mat schwéierem Houscht am Bett fonnt an an d’Urgence gefouert, wou seng Eltere gesot kruten, si sollen dem Meedche genuch ze drénke ginn an et weider mat Féiwer-Jus behandelen, ier se nees heemgeschéckt goufen. Um nächste Moien hunn d’Elteren hiert d’Kand dout am Bett opfonnt.
Elo fuerdere si Opklärung an Entschiedegung vun der Klinik. Dës huet entretemps hiert Bäileed un d’Koppel ausgeschwat an annoncéiert, déi genee Ëmstänn opzeklären.