Keen Unisdiplom an net bei Goldman Sachs geschafftUS-Deputéierten huet am Walkampf iwwert säi Liewenslaf gelunn

RTL Lëtzebuerg
De 34 Joer ale Republikaner George Santos war bei de leschte Midterms an dat amerikanescht Representantenhaus gewielt ginn.
© WADE VANDERVORT AFP

Elo huet de Politiker aus dem Bundesstaat New York géigeniwwer der “New York Post” zouginn, dass hie bei engem Groussdeel vu sengem Liewenslaf falsch Angabe gemaach hat. Esou hätt hien -anescht ewéi nach am Walkampf behaapt - keen Universitéitsofschloss vum Baruch College.
Fir d’éischt hat “d’New York Times” Zweiwel un der offizieller Biographie vum Deputéierte geäussert. Dësen hat der Zeitung doropshi reprochéiert ze léien. Antëscht huet hien d’Onwourecht zouginn.

Weiderhin huet hien zouginn, dass hien an der Vergaangenheet weder fir “Goldman Sachs” nach fir “Citigroup” geschafft huet. Hie wier awer Vizedirekter vun enger Bank gewiescht, déi Geschäfter mat béide Banke gemaach hätt.

Schliisslech soll de Santos dausenden Dollar Loyersscholden hunn. Den Ament ass nach net gewosst, wéi hien et trotzdeem gepackt huet, sech 700.000 Dollar fir säi Walkampf ze léinen.

Back to Top
CIM LOGO