Presentateur vun "The Price Is Right"US-Entertainer Bob Barker am Alter vun 99 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
35 Joer laang huet de Bob Barker "The Price Is Right" presentéiert, eng vun de beléiftsten US-Gameshows aller Zäiten. Elo ass hie mat 99 Joer gestuerwen.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Alberto E. Rodriguez

Dem Barker säi Publizist Roger Neal huet säin Doud e Samschdeg confirméiert. Den Entertainer wier a sengem Doheem an den Hollywood Hills un engem natierlechen Doud gestuerwen. De Bob Barker, deen a senger 60 Joer laanger Karriär 19 Emmys gewonnen huet, huet “The Price is Right” tëscht 1972 an 2007 moderéiert.

20 Joer laang huet hien och den “Miss USA"-Concours presentéiert. Als Aktivist fir Déiererechter huet hien d’Organisateure vun der Miss-Wiel dozou iwwerriet kritt, Pelzer an de Shows ze verbidden.

Back to Top
CIM LOGO