
Déi republikanesch Gouverneurin vum US-Bundesstaat South Dakota Kristi Noem stoung eréischt massiv an der Kritik, nodeems eng Passage aus hirem Buch “No Going Back” publizéiert gouf, dat eigentlech eréischt haut erauskoum. Doran erzielt d’US-Politikerin nämlech, wéi si viru Joren hiren anscheinend “ontrainéierbare” Mupp erschoss huet.
D’Noem, déi als potenziell Kandidatin fir d’Amt vun der Vize-Presidentin - sollt den Trump gewielt ginn - gehandelt gëtt, huet de Weekend an engem Interview op der US-Tëlee trotz Kritik awer nach een drop geluecht. Op den Hond vum US-President ugeschwat, dee scho méi dacks Mataarbechter vum Wäissen Haus gebass huet, sot d’Republikanerin: “Wéi vill Mënsche mussen attackéiert a geféierlech blesséiert ginn, ier si eng Decisioun iwwer en Hond huelen a wat mat him ze maachen ass?” Op d’Nofro vun der Journalistin Margaret Brennan, ob si suggeréiert, datt den Hond “sollt erschoss ginn”, huet déi 52 Joer al Politikerin geäntwert, datt dat dem President Biden seng Responsabilitéit wier.
Dat Wäisst Haus huet d’Aussoe vun der Kristi Noem als “verstéierend” bezeechent a betount, datt d’USA e Land wieren, dat Hënn gären hätt. Datt eng Politikerin doriwwer géing schwätzen, Hënn ëmzebréngen, ass der Spriecherin Karine Jean-Pierre no “eng verstéierend Äusserung. Ech géing hir soen, datt si vläicht ophale sollt, sech selwer e Lach ze gruewen”.
Wéi de Spiegel schreift, wier der Noem hiren “ontrainéierbaren” Hond mam Numm Cricket awer net dat eenzegt Déier, wat vun der Gouverneurin ëmbruecht gouf. Och eng “béis” Gees, déi der Noem hir Kanner ëmmer rëm gejot hätt, wier ënner änlechen Ëmstänn ëm d’Liewe komm wéi d’Cricket. D’Hardlinerin vun den US-Republikaner steet och soss fir kontrovers Usiichten. Op engem Evenement vun der Waffelobby NRA soll si houfereg dovun erzielt hunn, datt hir Enkelin mat knapp engem Joer schonn eng Shotgun an e Gewier géing besëtzen.

RTL-News: 11 Leit gebass: Muss dem US-President Biden säi Mupp Commander d’Wäisst Haus verloossen?