Bekannt als "The Fiend"US-Wrestler Bray Wyatt mat 36 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi amerikanesch Wrestling-Welt trauert ëm de Bray Wyatt, deen elo am Alter vu 36 Joer gestuerwen ass.

Dat huet d’Wrestlingorganisatioun WWE en Donneschdeg op hirer Websäit bekannt ginn. De Wyatt, dee mat biergerlechem Numm Windham Rotunda geheescht huet an am Ring och als “The Fiend” bekannt war, huet ënnert anerem 2017 de WWE-Championstitel mat Heem geholl.

D’WWE huet en Donneschdeg geschriwwen: “De Wyatt, dee fir seng fesselnd Optrëtter a seng ongleeflech Presenz am Ring bekannt war, war ee Superstar vu senger Generatioun an huet vill Leeschtungen an der WWE vollbruecht.”

Och d’Wrestling-Superstaren a Schauspiller John Cena an Dwayne The Rock Johnson hunn op den Doud vum Wyatt reagéiert. “De Windham huet op esou vill Aarten dat bescht a mir erausbruecht”, esou de Cena.

Back to Top
CIM LOGO