
Frankräich wäert en EU-Fong, dee fir dës Zwecker bereetgestallt gouf, vun 160 Milliounen Euro ëm 40 Milliounen Euro opstocken. Dat sot de Landwirtschaftsminister Marc Fesneau.
D’Nofro no Wäin ass staark zeréckgaangen, wat zu enger massiver Iwwerproduktioun gefouert huet. D’Wäin-Vernichtung soll elo d’Präisser nees stabiliséieren an déi franséisch Wäibauere retten.
“Mir produzéieren ze vill, an de Verkafspräis läit ënnert dem Produktiounspräis, sou dass mer Sue verléieren”, sot de Jean-Philippe Granier vum Verband vun de Wäin-Produzenten an der Regioun Languedoc.
Och an der Produktiounsregioun vun de Bordeaux-Wäiner wier all drëtte Betrib a finanzielle Schwieregkeeten.
Laangfristeg wier en Trend zu manner Alkoholkonsum festzestellen, respektiv dass d’Leit nees éischter méi Béier drénke wéi Wäin.
D’Wäibranche huet dann och besonnesch staark ënnert der Corona-Pandemie gelidden, well do jo de Gros vun de Gastronomiebetriber huet mussen zoumaachen.
