36. American Car Festival zu StadbriedemesWärend zwee Deeg stoungen amerikanesch Ween am Mëttelpunkt

Christophe Hochard
D'Häerzer vun de Supporter vum Aacht-Zylindersound hu leschte Weekend sécherlech vu Freed méi séier geschloen.
36. American Car Festival
Zu Stadbriedemes stoungen de leschte Weekend amerikanesch Ween am Mëttelpunkt.

Zu Stadbriedemes stoungen de leschte Weekend amerikanesch Ween am Mëttelpunkt. D'Häerzer vun de Supporter vum Aacht-Zylindersound hu sécherlech vu Freed méi séier geschloen. Vun Oldtimer iwwer Trucks bis zu neie Modeller. Op der Wiss bei der Schleis konnt ee wärend zwee Deeg alles bewonneren.

Aus der ganzer Groussregioun koumen d'Frënn vun den amerikaneschen Autoen op d'Stadbriedemes. Et ass en internationaalt Treffen, dat all Joer am August organiséiert gëtt.

Ee Bléck ënnert d'Motorhauf war natierlech méiglech. Zeg verschidde Modeller vun alle gréissten a Faarwe konnt een op dësem leschten August-Weekend nees bewonneren. Dës Editioun goung e Sonndeg den Owend op en Enn. Elo heescht et Gedold üben. Mä et ass ewéi mat allem, d'Virfreed ass déi schéinste Freed.

Back to Top
CIM LOGO