60, 70 oder 80 JoerWéini ass een ze al, fir Premier oder President ze sinn?

RTL Lëtzebuerg
D'Presidentschaftswalen an den USA bréngen d'Leit elo schonn un d'Zweiwelen. Souwuel de Biden wéi och den Trump hunn nämlech schonn e gewëssenen Alter.

Uganks Februar gouf an den USA eng representativ Etüd gemaach, wou ënnert anerem gefrot gouf, ob déi zwee Kandidaten Joe Biden an Donald Trump ze al, fir weider véier Joer Presidentschaft vun den USA, sinn. 27 Prozent hunn uginn, dass si den 81 Joer ale Biden ze al fannen. Dräi Prozent fannen de 77 Joer alen Trump ze al an 59 Prozent fanne béid Kandidaten ze al, fir eng weider Period als US-President unzetrieden.

Dobäi sinn d’USA net déi eenzeg mat engem “ale” President oder méigleche President. Och de russesche President Putin ass mëttlerweil 71 Joer al an de President vun Irland ass 82 Joer al. De weltwäit eelste Staatschef ass de Paul Biya. De President vu Kamerun huet den 13. Februar säin 91. Gebuertsdag gefeiert.

Eise Lëtzebuerger Grand Duc Henri ass zwar schonn 68 Joer al, ma bei de Premiere schéngen d’Lëtzebuerger déi lescht Joerzéngten awer léiwer op e bësse méi “jonk” Leit ze setzen. Den aktuelle Premier Luc Frieden ass zwar scho 60 Joer al, ma de fréiere Staatschef Xavier Bettel ass elo réischt 50 Joer al a gouf am Alter vu 40 Joer Premierminister vu Lëtzebuerg. An de Jean-Claude Juncker, dee virum Bettel dru war, dee war wärend senger Amtszäit 40 bis 59 Joer al.

Mee gëtt et de richtegen Alter fir Staatschef ze ginn?

RTL-News: Biden vs. Trump: Virun allem jonk Leit kënne sech just schwéier fir d’Kandidate begeeschteren
RTL-News: 2024 ass e globaalt Superwaljoer: Iwwer zwou Milliarde Mënsche sinn opgeruff, hir Stëmm ofzeginn
RTL-News: Wéi dacks gëtt gewielt?: Wéi sinn d’Walgewunneschten an Amerika? Erklärungen um Beispill vu Wisconsin

Back to Top
CIM LOGO