All 4 Joer halen di amerikanesch Presidentschaftswalen d'Welt an Otem. Mee d'Amerikaner gi vill méi dacks wielen, wéi nëmmen all 4 Joer eng Kéier.

Gouverneure, Schoulkommissioune, Gemengeréit, Sheriffen, Riichter an nach vill aner Ämter ginn duerch Wale besat, an op ville Plaze ginn d'Leit all Joer hir Stëmmen of. Eng Korrespondenz vum Georges Zens.

Korrespondenz vu Wisconsin vum Georges Zens

An Amerika ginn d'Leit dacks wielen. Vill méi dacks ewéi zu Lëtzebuerg oder an deene meeschten anere Länner. Den US-President gëtt all 4 Joer gewielt, an all 2 Joer dat ganzt Representantenhaus an en Drëttel vum Senat. Di meescht Gouverneure vun deenen eenzele Staate ginn och all 4 Joer gewielt. Dat ass de Fall zum Beispill am Wisconsin, wou ech wunnen. Hei ginn all 99 Membere vun der d'Assembly all 2 Joer gewielt, an all 2 Joer och d'Hallschent vun de Senateuren. D'Membere vum ieweschte Geriichtshaff vum Wisconsin si fir 10 Joer gewielt.

Um lokalen Niveau dréint et sech och séier. De Wisconsin ass an 72 Countien agedeelt, an déi Legislature ginn all 2 Joer nei gewielt. De County Executive, de Chef vun der County Regierung, gëtt all 4 Joer gewielt, grad esou wéi de Sheriff.

Gemengewale sinn hei all Joer, woubäi et 3 Zorte vu Gemenge gëtt: di klengst sinn Townships, da komme Villages a schliisslech d'City. Eng City huet wéinstens 10.000 Awunner a gëtt vun engem Buergermeeschter mat Hëllef vum Gemengerot geleet. Sou Gemengen hu ganz vill Autonomie wat de Budget, de Bebauungsplang an d'Reglementatioun am Allgemengen ugeet. Eng City huet och hir eege Police an hiert eegent Geriicht.

A ville Gemenge gëtt all Joer een Deel vun de Membere vum Gemengerot nei gewielt, an e Mandat ass normalerweis 2 Joer. All Member vum Gemengerot representéiert dobäi ee bestëmmten Distrikt vun der Gemeng. De Buergermeeschter gëtt jee no Gemeng all 3 oder 4 Joer gewielt, grad esou wéi de Gemengeriichter.

Doniewent gëtt et nach vill aner Walen, dorënner déi fir di sëllege Schoulkommissiounen, déi onofhängeg vun de Gemengen an dem Staat de Schoulbetrib an iwwer 400 Schouldistrikten am Wisconsin organiséieren.

Lokalwale si bei eis all Joer den 1. Dënschdeg am Abrëll, wärend d'Wale fir d'Staats- an d'Federalregierung den 1. Dënschdeg am November sinn.

Aus dem Walkampf komme mir hei ni eraus.

Fir RTL, de Georges Zens aus den USA