Zu Lëtzebuerg stoungen de Weekend beim Duck-Race d’Inten am Vierdergrond. Ma bei eisen Noperen an der Belsch huet sech alles ronderëm eng aner Zort vu Vulle gedréint.
Si sinn dofir bekannt, ganz flénk ze sinn. Virun allem awer weess een. Wa Méiwen um Himmel sinn, kann d’Mier net ganz wäit sinn. A grad dowéinst hu vill Leit se gären.

Et ginn der awer och, déi si reegelrecht besiess vun dëser Vullenzort. Op der belscher Côte, zu De Panne, hu sech de Weekend Méiwen- Fans getraff, fir ze kucken, wie se am beschten nomaache kann.