Schonn 2020 stoung de Sylvain Juzan eng éischte Kéier zu Las Vegas bei “Penn&Teller: Fool us” op der Bün. Deemools ass et dem 42 Joer ale Beruffszauberer net gelongen, de berüchtegten Zauberer-Duo Penn&Teller mat sengem Trick ze täuschen.
Hien hat sech deemools vun de Produzenten dovun iwwerzeege gelooss, net mat sengem extra preparéierte Kaartentrick opzetrieden. Well hien awer iwwerzeegt war, dass grad dësen Trick d’Potenzial hätt, fir de Pokal ze gewannen, huet hie sech dru gehalen, fir eng zweete Kéier optrieden ze kënnen. Elo stoung hien also mat sengem ursprénglech preparéierten Trick op der Bün a konnt den Duo effektiv täuschen.
“J’ai fait un bond de 3 mètres. Ca m’a fait plaisir, ca m’a fait chaud au coeur! Je me suis dit: Bon, c’est un tour que je travaille depuis 7,8 ans. (...) Venant de Penn et Teller, c’est les deux personnes qui se connaissent le plus dans le milieu!” , freet sech de Sylvain Juzan.
Den ëmkämpfte “Fool Us”-Pokal huet elo op allefalls eng Éiereplaz am Sylvain sengem Regal.
Kritt de Sylvain iech och getäuscht?