No knapp 3 JoerZu Bethlehem gëtt no laanger Corona-Paus nees richteg Chrëschtdag gefeiert

RTL Lëtzebuerg
Dausende Pilger sinn no bal 3 Joer Paus wéinst der Corona-Pandemie rëm zu Bethlehem zesummekomm, fir Chrëschtdag ze feieren.

An der Stad am vun Israel besate Westjordanland, wou dem chrëschtlechen Glawen no de Jesus Christus gebuere gouf, hunn um Hellegowend Pilger an der Gebuertskierch gebiet.

De laténgesche Patriarch vu Jerusalem Pierbattista Pizzaballa huet d’Visiteuren virun der traditioneller Prozessioun fir Hellegowend begréisst.

Och d’Butteker sinn no 2 ganz more Joren zefridden iwwer méi Touristen: 700.000 zënter Mäerz dëst Joer, sou AFP.

Back to Top
CIM LOGO