Ongewéinlechen AccidentZu "La Ciotat" a Südfrankräich ass en Auto an enger Schwämm gelant

RTL Lëtzebuerg
Zum Gléck ass bei deem Accident kengem eppes geschitt
Zu "La Ciotat" a Südfrankräich ass en Auto an enger Schwämm gelant.
Et blouf zum Gléck beim Materialschued.

Zu La Ciotat a Südfrankräich ass en Auto en Donneschdeg den Owend géint 21 Auer duerch den Zonk vun engem Parking an eng gliese Fënster vun enger Piscine gefuer an am Baseng gelant.

De Schwëmmer an der Piscine ass glécklecherweis näischt geschitt an der 38 Joer jonker Fra hannert dem Steier an hirer 5 Joer jonker Duechter och net.

Si konnte vu Schwammmeeschter gerett ginn a koume fir eng Kontroll an d’Spidol vu La Ciotat. Déi genee Ëmstänn vum Accident sinn nach net gekläert.
D’Schwämm bleift elo mol nach viraussiichtlech e puer Wochen zou. Den Auto muss och nach aus dem 25-Meter-Baseng erausgeholl ginn, wat net sou einfach dierft ginn.

Back to Top
CIM LOGO