Online- oder och Cybermobbing genannt, bezitt sech op d'absichtlech Beleidegung, Menace oder Belästegung vun aneren, déi Internet- an Handyservicer iwwert eng länger Zäit benotzen.
Dat kann zum Beispill op sozialen Netzwierker geschéien, wéi z.B. Instagram, TikTok oder Facebook, oder awer och op Chat-Applikatioune wéi Whatsapp. Dat geschitt dacks anonym, respektiv mat falsche Profiller, woubäi d'Affer sech awer och dacks virstelle kënnen, wien hannert der Attack stécht.
Wann Affer vu Cybermobbing gëtt, soll een d'Noriichten ignoréieren, se awer als Beweiser sécheren. Et soll een net fäerte mat aneren driwwer ze schwätzen, dass ee gemobbt gëtt. Kontakter, déi ee belästegen, soll ee blockéieren.