"Safety First - Sécherheet am Internet"Dateschutz: Perséinlech Informatioune viru Mëssbrauch, Korruptioun a Verloscht schützen

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Dateschutz
Et soll ee seng perséinlech Informatioune viru Mëssbrauch, Korruptioun a Verloscht schützen.

Vill Leit hunn Angscht den Internet ze benotzen, well se fäerten, dass hir Daten anerwäerts benotzt ginn, oder dass ee Sue geklaut kritt. Hautdesdaags ginn et awer sou vill Virgäng, déi quasi just nach online kënne gemaach ginn, deemno ass et wichteg opzepassen, richteg mat sengen Daten ëmzegoen. Déi perséinlech Informatioune solle viru Mëssbrauch, Korruptioun a Verloscht geschützt ginn. Den Zougang op perséinlech a geheim Date soll via den Dateschutz reguléiert ginn.

Date solle privat, korrekt, verifizéiert an zougänglech bleiwen. 4 Prinzippien definéieren, wéi d’Date solle geschützt ginn: Vertraulechkeet, Integritéit, Authentizitéit an Accès.

Fir den Dateschutz ze garantéieren, soll een d'Deele vu ganz perséinlechen Informatiounen op e Minimum reduzéieren. D'Dateschutzastellungen op de Plattformen an um Gerät soll een dann och notzen a sech iwwer d'Geschäftskonditiounen informéieren. Seng E-Mail-Adress soll een op enger Säit wéi haveibeenpwned.com registréieren. Weider hëlleft et, wann ee Pseudonymmen an net den eegenen Numm benotzt.  

Back to Top
CIM LOGO