"Safety First - Sécherheet am Internet"Online akafen: Benotzt verschidde Passwierder op den ënnerschiddleche Shopping-Säiten

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Online akafen
Fir verschidden Accounte soll ee verschidde Passwierder benotzen.

Wie kennt et net... séier nach owes um Canapé op Plattforme wéi Amazon, Letzshop oder Temu eppes akafen. Dat ass deen Ament vill méi praktesch wéi no engem Buttek ze sichen, wou een da muss hifueren, fir sech et op der Plaz selwer unzekucken an dann do ze kafen. Et gëtt dann och einfach iwwer d'Kreditkaart, Paypal oder Apple Pay bezuelt.

Wann een online akeeft, soll een drop oppassen, dass d'Shops den "Trusted"-Label hunn, mat europäeschen Zertifikater. Wann ee sech dann entscheet op sou engem Shop anzekafen, soll een op zweefach Authentifizéierung zeréckgräifen, fir seng Accounten ze schützen. Bei Zweiwel: eng Recherche vum Online-Shop iwwert déi gängeg Sichmaschinne maachen. Do gëtt een da séier gewuer, ob een deem Site traue kann oder net. Den Europäesche Konsumenteschutz ass den Uspriechpartner fir de Shopping an der EU. https://www.cecluxembourg.lu/.
 
Op de Geräter, mat deenen een online akeeft, soll ee sécher goen, dass ee se och physesch séchert, mat engem PIN, Gesiichtserkennung oder Fangerofdrock. Op de verschiddene Säiten wou een akeeft, soll een dann och verschidde Passwierder benotzen. Bei Mailen oder Messagë soll een net op onbekannte Linken drécken.

Wann Dir op eng Säit gitt, fir anzekafen, gitt de Link ëmmer manuell an a gräift net op eng Sichmaschinn zeréck. Oder benotzt déi offiziell App. Benotzt LuxTrust fir eng sécher Authentifizéierung a vergiesst net Iech aus de Banking-Websäiten auszeloggen.

Back to Top
CIM LOGO