"Safety First - Sécherheet am Internet"Cybergrooming: Geziilt Manipulatioun vun Erwuessene géintiwwer Jugendlechen a Kanner

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Cybergrooming
Geziilt Manipulatioun vun Erwuessene géintiwwer Jugendlechen a Kanner.

Cybergrooming gëtt och Onlinegrooming genannt. Et steet fir eng geziilt Manipulatioun vun Erwuessenen, fir op soziale Plattformen d'Vertraue vu Jugendlechen a Kanner ze kréien. Zil ass et an deene meeschte Fäll, d'Affer sexuell ze belästegen oder se ze mëssbrauchen.

Bei Cybergrooming probéiert den Chatpartner onbedéngt privat mat dem Affer ze schreiwen, wou dann ënner Drock no intime Biller gefrot gëtt. Hei ass et dann och ëmmer d'Menace, dass alles geheim soll bleiwen.

Fir sou Fäll opzedecken ass et wichteg, dass ee Vertrauen zu de Kanner opbaut, fir dass se net fäerte matzedeelen, wa se Affer vu Cybergrooming gi sinn, oder wann een et probéiert huet. Et sollt een net mat Verbueter dreeën, ma éischter op de Punkt kommen, dass et eng Kompromëssbereetschaft bei der Kontroll gëtt. D'Kanner solle kloer gemaach kréien, dass se nimools perséinlech Donnéeën oder souguer Fotoe sollen erausginn.

Back to Top
CIM LOGO