Eis technesch Geräter hu vill Virdeeler, ma si bidden natierlech och vill Ugrëffsfläch, virun allem well mer jo stänneg vernetzt a mam Internet verbonne sinn. Et muss ee sech deementspriechend schützen.
D'Cybersecurity ass d'Defense vu Systemer, déi mam Internet connectéiert sinn, Netzwierker, Applikatiounen an Date virun digitalen Attacken, net aussortéiertem Accès a Beräicherung vu geschützte perséinlechen Informatiounen.
Wann een Affer vun enger Cyberattack ginn ass, ginn et verschidden Indicen, déi dorobber hiweise kéinten. De Computer bzw. d'Gerät geet méi lues, dëst duerch Applikatiounen, déi verstoppt lafen an d'Hardware beusprochen. Et kann een awer och Schwieregkeete beim Aloggen hunn, respektiv et gesäit ee komesch Noriichte vun sengem Account. Besonnesch am Aen behale sollt een och E-Mails iwwer Login-Versich oder Ännerunge vun Daten.
Wann een Affer vun enger Cyberattack gouf, soll een d'Luxembourg House of Cybersecurity (lhc.lu) consultéieren. Falls et nach geet, soll ee säi Passwuert ännere bei all Account, deen op dësem Gerät benotzt gëtt.
Verdächteg "Linked"-E-Mail-Adressen & Apps an den Astellunge vun der Plattform soll ee läschen an d'Zwee-Facteur-Authentifizéierung soll een direkt aktivéieren.
Falls ee säi Passwuert net méi ännere kann, soll een de Social Media Support kontaktéieren, fir d'Attack ze mellen (facebook.com/hacked & Instagram.com/hacked)
Bei BEE SECURE kritt een Hëllef iwwert d'Helpline 8002 1234 oder per Message op www.bee-secure.lu/helpline.