
RTL huet an Zesummenaarbecht mat EDMO BeLux an der europäescher Unioun eng Campagne mam Numm “SAFETY FIRST” lancéiert. Am éischten Deel gi 12 Videoclippe bis Ufanks 2027 produzéiert, déi virun allem déi Leit, déi net mam Internet opgewuess sinn, op d’Risiken an der Welt vun den digitale Medien soll opmierksam maachen. Ambassadeur vum Projet sinn de Jemp Schuster an seng Fra Michèle Turpel. Déi 12 Videoen hunn als roude Fuedem d’Desinformatioun a sollen d’Mediekompetenz vun all Notzer verbesseren.
RTL huet sech am Kader vum EDMO-Projet engagéiert, fir zu Lëtzebuerg géint d’Verbreede vu Fakenews an Desinformatioun virzegoen an och Opklärung an deem Beräich ze bedreiwen. Nieft Faktenchecken, déi een op RTL.lu, RTL Infos an RTL Today fënnt, ass eben d’Videocampagne “Safety First” e groussen a wichtegen Deel dovunner. Viséiert si vun der Campagne eben haaptsächlech déi Leit, déi een net als “Digital Natives” ka bezeechnen, also Leit, déi net mam Internet opgewuess sinn an en haut awer reegelméisseg notzen. Natierlech sinn d’Informatiounen esou opgebaut, datt se u sech all Mënsch sollen uschwätzen a solle sensibiliséieren, fir d’Gefore vum Internet ze kennen an ze erkennen.
D’Theateracteuren an d’Koppel Jemp Schuster a Michèle Turpel sinn d’Ambassadeuren, also d’Gesiichter vun der Campagne “Safety First.” Mam Buchauteur a senger Fra soll sech d’Zil-Audienz kënnen identifizéieren. Obwuel béid bekannte Nimm aus der Lëtzebuerger Kulturzeen sinn, mussen och si sech mat de selwechte Problemer an Erausfuerderungen auserneesetzen, wéi alleguerten déi Leit, déi net mam Internet an Handy opgewuess sinn. D’Roll vun de Schauspiller ass et, fir mat e bësse Witz un déi dach ganz seriö Thematik erunzegoen, andeem méi oder manner liewensecht Situatiounen nostellen.
Hannert de Videoe steet den RTL-Journalist Tim Hensgen, deen zesumme mat der Grafikerin Robine Gillen d’Konzept entwéckelt huet.
Offiziell Lancement vun den éischten dräi Videoclippen war den 3. Juli 2025, dat am Kader vun der Kloertext-Emissioun zum Thema “Desinformatioun”. D’Experten an dëser Ronn, de Romain Schroeder vum Zenter fir politesch Bildung, d’Karin Weyer vu Respect.lu, de Jeff Kaufmann vu Bee Secure, d’Mara Kroth vu Golden Me an den RTL Journalist Tim Hensgen, de Createur hannert de Videoe vun der Campagne “Safety First”, hu sech mat der Problematik vun der Desinformatioun am Internet ausernee gesat.
Ee Constat hei war, datt vill Leit sech iwwerschätzen, wat d’Iwwerpréiwe vu Fakenews ugeet. A grad eeler Leit, tëscht 50 a 70 Joer, géife vill Falschinformatiounen an de soziale Medien deelen, obwuel si e gutt an ausgepräägt Allgemengwëssen hunn. D’Problematik wier a ville Fäll, datt an de verbreeten Desinformatiounen och en Deel Wourecht dra wier.
Och d’Thema Filterblos, déi jo an der “Safety First"-Campagne eng wichteg Roll spillt, gouf ugeschwat. Vill Leit wëssen nämlech net, datt si an esou enger Blos dra sinn, déi duerch déi eege Präferenzen an Algorithmen dominéiert ass. A fir do erauszekommen, wier net esou einfach.
Et ass problematesch, wa sou ënnerschiddlech Realitéitsgemeinschaften existéieren, déi ëmmer méi dicht ginn an ëmmer manner matenee schwätzen. Dofir wier et och en Aarbechtsfeld vun der politescher Bildung, fir Diskussiounsraim ze schafen, wou ënnerschiddlech Siichtweisen, Hannergrënn an Perspektiven erëm zesummekommen.
Vill vun den Themen a Problematiken, déi am Kloertext opgegraff goufen, sinn Deel vun der Campagne “Safety First”. Aktuell sinn sechs Sujete fäerdeg an op RTL.lu ze fannen. Déi aner Videoe wäerten an den nächste Méint fäerdeggestallt an online gesat ginn. Dës kuerz Videoe sinn awer net just am Internet ze fannen, mä ginn ëmmer nees op der Tëlee diffuséiert.
RTL bedeelegt sech zu Lëtzebuerg am Kader vun EDMO och um Projet “Lie Detectors”. Och hei ass et d’Zil, fir géint Fakenews am Internet virzegoen. Dëst passéiert awer éischter abseits vun den u sech übleche Kanäl, déi RTL ubitt. Et sinn extra forméiert Journalisten, déi e Schoulen - Grondschoul a Lycée - ginn, fir ebe mat Kanner iwwer Journalismus awer och d’Problematik vun de Fake News am Internet ze schwätzen. “Curious minds sort facts from fakes”, also grob “virwëtzeg Leit ënnerscheede Fakte vum Falschen”, ass eng vun de Virgabe vun de “Lie Detectors”. Zil ass et, d’Kanner an d’Léierpersonal dofir ze sensibiliséieren, datt si Desinformatiounen a Polariséierung am Internet erkennen an ethesch korrekte Journalismus kënne verstoen.
Ee vun den éischte Projete vun d’EDMO, fir géint Falschinformatiounen am Internet virzegoen, sinn d’Faktenchecken. RTL war scho ganz fréi mat an dëse Projet abegraff an huet probéiert, fir de Grand-Duché interessant Thematiken opzegräifen an ze analyséieren. Dat geet vu Fakevideoen vun eise Politiker oder Journalisten, déi am Internet den Tour maachen, iwwer Aussoen, déi einfach esou am Internet als “Fakt” duergestallt ginn, iwwer politesch Aussoen oder Interpretatiounen. RTL schafft an dëser Situatioun awer och mat der AFP, RTBF an der DPA zesummen, vun deene verschidde Faktenchecken op Lëtzebuergesch iwwersat ginn.
EDMO BELUX 2.0 ass e multidisziplinären Hub, deen Faktchecker, Desinformatiounsanalytiker, Medien Alphabetiséierungsorganisatiounen an Akademiker verbënnt. Zesumme beméie mir eis der Verbreedung vun der Desinformatioun entgéintzewierken, d’Genauegkeet an d’Zouverlässegkeet vun der Informatioun an eise Gemeinschaften ze garantéieren. Mir ënnerstëtzen eng breet an divers Gemeinschaft, déi sech fir demokratesch Prozesser an der Belsch a Lëtzebuerg gewidmet huet.
D’Membere vun EDMO BELUX sinn
Nei mat dobäi stousse vum nächste Projet un mat der Uni Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung zwee weider Lëtzebuerger Acteuren, mat deenen an der Vergaangenheet awer schonn zesummeschafft gouf.
Den EDMO-Projet ass vun der Europäescher Unioun co-finanzéiert. D’Responsabilitéit vum Inhalt läit awer beim onofhängege Konsortium selwer.