Homeoffice-Zäite gläich eriwwerNo der Kris méi Déieren an den Asyler?

RTL Lëtzebuerg
Den däitschen Déiereschutzverband rechent domat, dass mam Enn vun de Corona-Mesuren, besonnesch awer den Homeoffice, et méi enk an den Déierenasyler gëtt.

Am Lockdown hate vill Familljen a Stéit Zäit, sech en Déier ze halen. Zuelen hätten dat gewisen. Ma deels wier déi Decisioun awer ze séier geholl ginn, well de Gros vun deenen Déiere wäert elo an Déierenasyler landen, soubal d’Leit nees manner Zäit hunn, respektiv nees normal schaffe ginn.

Vill Leit gi sech elo réischt richteg bewosst, wéi vill Aarbecht sou een Déier doheem eigentlech mécht oder si fuere léiwer an d’Vakanz. Dacks sinn d’Déieren och guer net gewinnt eleng ze sinn. Besonnesch Hënn a Kanéngercher géifen den Ament ofgi ginn.

Elo schonn hätte e puer Ariichtunge e Stopp bei der Opnam vun neien Déieren decidéiert. Eleng an engem Déierenasyl zu Tréier goufe bannent 2 Woche 5 Hënn ofginn, 6 stinn op der Waardelëscht a sollen och nach do ënnerdaach kommen. Aktuell hätt een 28 Hënn, bei de Kanéngercher goufen der nom Lockdown scho 14 ofginn. Des Tendenz kéint sech an der Summervakanz nach massiv verstäerken.

Back to Top
CIM LOGO