
26 där Déiere goufe viru knapp engem Joer vun der Insel Tasmanien op d’Festland bruecht. Am Naturschutzgebitt Barrington Tops, nërdlech vu Sydney, koumen elo 7 Jongdéieren op d’Welt, schreift d’Aarteschutzorganisatioun Aussie Ark en Dënschdeg.
D’Tasmanesch Däiwelen, déi bis zu 8 Kilo schwéier kënne ginn, si viru ronn 3.000 Joer vum australesche Festland verschwonnen. Als Grond fir hir Ausrottung gëllen d’Dingos, australesch wëll Hënn. Just op Tasmanien konnten d’Déieren iwwerliewen. Zanter dem Optriede vun Tumeuren an den 90er Joren ass hire Bestand allerdéngs vun ëm 150.000 op 25.000 zeréckgaangen.
Well si mëttlerweil vum Ausstierwe bedrot sinn, versichen Aarteschützer elo, d’Tasmanesch Däiwelen um Festland unzesidelen. En änleche Sidlungsprogramm gouf et an den 90er Jore mat de Wëllef am Yellowstone-Nationalpark an den USA.