Experte warnenNom ville Reen och nach eng Spannen-Invasioun an Australien

RTL Lëtzebuerg
Nom massive Renn an den Iwwerschwemmungen an de leschten Deeg an Australien, soll elo och nach eng Spanneplo zu Sydney dobäikommen.
© AFP Archivbild

Nom Reen soll et nees waarm ginn an déi héich Fiichtegkeet wieren déi perfekt Konditiounen, fir e Boom vun Trichternetzspannen an den nächsten Deeg, huet de Chef vum “Ausralian Reptile Park”, den Tim Faulkner, erkläert.

Duerch d’Iwwerschwemmunge sinn d’Krabbeldéieren aus hirem natierlechen Doheem verdriwwe ginn a sichen elo méi dréche Regiounen. Leider géif dat bedeiten, dass si déi Plazen an Haiser a Wunnenge siche ginn. An de leschten Deeg hätt een op de soziale Medien scho Fotoe gesi vun Dausende Spannen, déi op der Flucht virum Waasser no beienee Gebaier a Clôturen eropkrabbelen.
D’Trichternetzspann gehéiert zu de gëftegste Spannen op der Welt an ass an der Regioun ronderëm Sydney heemesch. Bis ewell gouf et offiziell 13 Doudesfäll duerch e Bass vun esou enger Spann, ma zanter der Aféierung vum Géigegëft-Programm Ufank vun den 80er Jore gouf et keng bekannte Fäll méi.

Am “Australian Reptile Park”, nërdlech vu Sydney, gëtt d’Géigegëft produzéiert. Do gouf den Appell lancéiert, wa Mënsche sech dat trauen, solle se Trichternetzspannen afänken an hinne bréngen.

“Joerhonnert-Reen” an Australien: Dausende Mënschen no massiven Iwwerschwemmungen evakuéiert

Back to Top
CIM LOGO