HessenOnbekannter hu 25 Hénger an Inten ëmbruecht

RTL Lëtzebuerg
Zu Gudensberg huet de Besëtzer en Dënschdeg iwwer zwou Dose vu sengen Déieren dout an hirem Stall fonnt.
© AFP / Archiv

Dem aktuelle Stand no schléissen d’Ermëttler aus, dass d’Inten an d’Hénger vun engem aneren Déier doutgemaach goufen.

Déi däitsch Police huet elo en Zeienopruff lancéiert. Geschitt ass d’Dot en Dënschdegnomëtteg oder am fréien Owend. De finanzielle Schued läit bei ronn 600 Euro. 25 Déiere si gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO