Happyend zu DarmstadtPäerd geet duerch a galoppéiert iwwer puer Haaptstroossen an Autobunnen

RTL Lëtzebuerg
E Päerd, dat sech vu senger Proprietärin lassgerappt hat, huet am hesseschen Darmstadt kuerz, awer dofir fir vill Chaos gesuergt.
© AFP Archivbild

D’Päerd ass en Donneschdeg den Owend vun Arheiligen a Richtung Zentrum gerannt, vun do aus op eng villbefuere Strooss an Direktioun Gare a weider op eng Nationalstrooss bis op eng Autobunn. Spéider ass d’Déier nach op eng aner Autobunn galoppéiert, ier et konnt gestoppt ginn.

E puer Autofuerer hunn der ongewéinlecher Poursuite en Enn gesat, andeems si hir Autoen einfach queesch iwwert d’Fuerbunne gestallt hunn. Ee Chauffer huet net gefaart, huet d’Päerd un de Zigelen ze pake kritt a konnt et un d’Police iwwerreechen.

Den 2 Joer alen Araber wier “komplett um Enn gewiescht”, hätt sech awer just un den Houf blesséiert, sou d’Beamten. Déi erliichtert Proprietärin krut hiert Päerd zeréck.

Déi ganz Aktioun huet just 12 Minutte gedauert, ma an där Zäit hat d’Päerd knapp 10 Kilometer hannert sech.

Back to Top
CIM LOGO