
D’Panda-Damm ass 2014 vu China u Malaysien ausgeléint ginn a wunnt zanterhier am zu Kuala Lumpur. An do gefält et hir wuel esou gutt, dass si scho fir d’drëtt Mamm ginn ass. Papp ass de Xing Xing, deen zesumme mam Liang Liang a Malaysien ukomm ass.
Mat Pandaen a Gefaangenschaft ze ziichten, ass immens schwiereg. Dass et am malayseschen Zoo schonn 3 Mol Nowuess gouf, gëtt deemno als grousse Succès bewäert. An d’Panda-Mamm mécht hiren Job esou gutt, dass d’Fleeger nach kee geneeë Bléck op de butzege Bier geheie konnten. Dofir ass och nach net gewosst, ob et ee Meedchen oder e Jong ass.
2015 huet d’Liang Liang hiren éischte Klengen, den Nuan Nuan, kritt. 2018 koum d’Weibchen Yi Yi op d’Welt, dat ass och wéinst de Restriktiounen am Kader vun der Corona-Pandemie nach net a China bruecht ginn ass, sou wéi et accordéiert war. D’Liang Liang an de Xing Xing sollen nach bis 2024 a Malaysien bleiwen.
Der WWF no liewe just nach ronn 1.800 Risepandaen a fräier Natur.