
“Hien ass a sengem beschten Alter a gesäit einfach wonnerbar aus”, schwäermt säi Proprietär David Fitzpatrick. virun allem awer huet hien d’Ausstralung, d’Beweegung an d’Showqualitéite vum 3 Joer ale Wasabi ervirgehuewen.
Den Event, deen normalerweis am Februar am Zentrum vun New York ass, gouf wéinst der Corona-Pandemie verréckelt an op en Domaine verluecht. Hondsbegeeschtert Spectateuren hunn dëst Joer awer misste verzichten, d’Show war ouni Public.
Bei der 145. Editioun vun der Westminster-Hondsshow waren iwwer 2.000 Muppen dobäi vun iwwer 200 Rassen. Si goufen ënner anerem dono beurteelt, wéi si sech beweegen an ob hire Gesiichtsausdrock wakereg a frou wierkt.