Aussergewéinleche BesuchPinguinen entdecke Filmset vun der Sitcom "Friends"

RTL Lëtzebuerg
Fir sech net ze vill wärend dem Lockdown ze langweilen, ginn d'Pinguinen aus dem Shedd Aquarium ëmmer nees op Aventurë geschéckt.

Dës Kéier duerften déi 4 Pinguinen de Filmset vun der bekannter Serie “Friends” entdecke goen. An dobäi goufen déi verschidde Raim ënnert d’Lupp geholl.

Ugefaange mat der Wunneng vum Monica. D’Déieren hunn dobäi de Buedem genau inspizéiert. Ob d’Appartement tatsächlech esou propper ass, wéi et an der Sitcom ëmmer duergestallt gëtt? Och d’Ariichtung gouf inspizéiert. Onzefridden hunn den Howard, de Fitz, d’Gerogia an d’Mercedes net gewierkt.

Dunn ass et séier weidergaangen an d’Wunneng vum Joey an Chandler. Am meeschte Spaass haten d’Aventurieren allerdéngs am “Central Perk Coffee Shop”. Kee wonner! Wie ka scho vu sech behaapten, iwwert den Dësch am Café vun de 6 Frënn lafen ze dierfen? An dat mat plakege Féiss! No dësem Besuch ass d’"Friends Experience” och schonn op en Enn gaangen. Zanter Mëtt Mäerz kënne sech och Mënschen de Set ukucke goen.

Reegelméisseg kréien d’Awunner vum Shedd Aquarium en usprochsvolle Programm géint d’Langweil gebueden. Am November zejoert kruten d’Pinguinen zum Beispill d’Geleeënheet, den Heemechtsstadion vun den Chicago Bears an Chicago Fire kucken ze goen.

Donieft stoung en Ausfluch an de Kino fir si um Programm. Do huet keen normale Sall op si gewaart, mä e 4-D-Raum.

An am Juli hate si Rendez-vous am Dinosaurier-Musée.

Back to Top
CIM LOGO