
Si hu fir kuerz Zäit d’B41 misste spären, wärend si d’Jippelcher all an eng Kartrongskëscht gelueden hunn. D’Mamm ass de Beamten nogaangen, wärend si déi kleng an engem Wäibierg, deen net wäit ewech war, d’Jippelcher ausgesat hunn. Do goufe si dann och, wäit ewech vun der Strooss, nees mat hirer Mamm vereent.