
Eleng am Joer 2020 sinn a Portugal an a Spuenien 414 Luchsen op d’Welt komm, esou de spuenesche Ministère fir ekologeschen Iwwergang. Domadder ass d’Populatioun elo op 1.111 Déiere geklommen.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf et nach eng 100.000 iberesch Luchsen an den zwee Länner. 2002 war hir Zuel op ënner 100 erofgaangen. Grond dofir war den Ausbau vun de Stied, d’Juegd, de Stroosseverkéier awer virun allem de Réckgang wéinst Krankheete vum Wëllkanéngchen, dem Haaptmenü vum Luchs.
Mat Luchsen, déi een agefaangen hat, huet een en Zuchtprogramm op d’Bee gestallt an d’Déiere lues a lues ausgewëldert. Esou konnt sech d’Populatioun och e bëssen erhuelen. Experte warnen awer, well, obwuel d’Zuel nees geklommen ass, misst een den iberesche Luchs weider schützen. “D’Spezies ass nach net ausser Gefor” soen d’Experten aus dem Ministère.
Den iberesche Luchs ass esou grouss wéi e Fuuss an opfälleg un him ass de wäiss-schwaarze Baart an déi schwaarz Pinselhoer un den Oueren.