
15 franséisch Prominenter, dorënner de Lambert Wilson, d’Nathalie Baye an de Jacques Dutronc, hu sech zesumme gedoen, fir der “Masseproduktioun” vun Hausdéieren en Enn ze setzen. Fir si géif de Verkaf vun Déieren am Internet op Plattforme wéi “Le Bon Coin” awer och an Déierebutteker, en Déier zum Objet maachen.
Donieft sinn d’Asyler a Frankräich elo an der Vakanzesaison struppevoll an et ginn ëmmer nees Déieren einfach ausgesat. Déi franséisch Promis ruffen dozou op, Déieren aus dem Asyl ze adoptéieren an net méi Online ze kafen.
Schonn eng fréier Petitioun zu dem Sujet gouf vu prominente Leit ënnerschriwwen. Sou ënnerstëtzen ënnert anerem den David Hallyday an de Rémi Gaillard d’Propos, dass Hausdéieren einfach allgemeng steriliséiert solle ginn.