Am 2. Episod fir dës Saison war et um Nicool an um Andrea Galleti. D'Nicool huet mam Luca Sales den Album "Liewen" gemaach an den Andrea probéiert sech bei The Voice of Germany.

15/09/2025 Am Takt: Andrea Galleti & Nicool
RTL

"Keng Angscht, mäin Häerz schléit weiderhin am BoomBap" seet d'Nicool wann et seng nei Plack "Liewen" virstellt. Wann een eppes mam Numm Grand Corps Malade unzefänke weess, kann ee sech scho gutt virstellen wat Nicool zesumme mam Luca Sales kreeéiert. Den Album gëtt de 25. September an der Abtei Neimënster virgestallt.

15/09/2025 Am Takt: Nicool
RTL

Den Andrea Galleti kennt een duerch One Last Minute, Diario an ënner anerem och de Podcast Driving Dreams. Elo ass hien erëm Solo ënnerwee a probéiert säi Gléck bei The Voice of Germany.

15/09/2025 Am Takt: Andrea Galleti

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod: