06/10/2025 Artists for mental health

Am Kader vun de ,,Semaines du Bien-être Mental'' ass et e Samschdeg den 11. Oktober un der 3. Editioun vun "Artists for mental Health", dat zu Nidderaanwen. All Joer sinn et hei aner Musekskënschtler déi hei optrieden. An dat op 2 verschidde Bünen. Lass geet et Nomëttes um 16:30 Auer mat de Gavroches am CIPA. Yacke vun Artists for mental Health:

"D'Gavrochen déi eng flott Selektioun hu vun aler Chanson française an och e puer Lëtzebuerger Lidder déi een esou warscheinlech am Alldag net méi héiert. Dofir ass dat och immens interessant fir sou eng Grupp dobäi ze hunn."

Um 19 Auer da ginn d'Dieren am Centre polyvalent "A Schommesch" op wou ab 20 Auer 3 weider Artisten optriede wäerten. Ugefaange mat engem Museker deen ee sech an der Lëtzebuerger Musekszeen quasi net méi ewechdenke kann:

"Dat ass den Daniel Balthasar, deen ass jo schonn eng ganz Rei Joren aktiv als Artist hei a Lëtzebuerg an huet och scho vill erausbruecht. Hie wäert ënnert anerem do si mat enger méi spezieller Configuratioun, hien op der Gittar zesumme mat enger Cellistin. Et ass och ëmmer interessant bei deem Event, dass Bands oder Artisten anescht optriede wéi normalerweis. Dat heescht, et ass net eng ganz Band mee éischter e Strip down Kontext".

Nieft dem Daniel Balthasar ass och de Josh Island dobäi, e gebiertegen Hollänner deen an England op d'Welt komm ass, an Däitschland grouss ginn ass a sech schlussendlech zu Lëtzebuerg néiergelooss huet.

"Säi Style beweegt sech iergendwéi tëscht Pop a Rock, dat ass dee Spektrum dee seng Musek, géing ech mengen, ofdeckt."

Seng fusch nei Single Unconditionally wäert de Kënschtler bestëmmt och mat dobäi hunn.

Dann ass awer och eng weiblech Musekerin mat dobäi: d'Eva Marija. Mat hier an hirer Musek am Genre vu Soul-Funk wäert et nach eng Nummer méi gemittlech an intimistesch ginn.

Dat wat dës Concerten, nieft dem Choix vun den Artisten, ausmécht, ass eben, dass se kommentéiert sinn, dat heescht:

"Déi jeeweileg Artiste maachen och Temoignagen zum Thema "mental Health", entweder wéi si dat erliewen, wat si eventuell inspiréiert huet fir selwer an der Konscht täteg ze sinn oder firwat se e Lidd geschriwwen hunn. Am grousse Ganzen gëtt et am Fong geholl scho bal eng Diskussioun iwwert "mental Health" gefouert well u sech ass de Public och fräi fir kënne Froen ze stellen. Dat war d'Iddi dohannert, dass een net einfach nëmme seng Konscht presentéiert mee einfach och iergendwéi den Ursprong an eben eppes thematiséiert wat eis alleguerten eppes ugeet."

Detailer zum Ofschlossconcert "Artists for mental health" am Kader vun de "semaines du bien-être mental" ginn et op facebook an um Site vun der Gemeng Nidderanwen.