Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz
Entdeckt eng sympathesch Schoul mat ville Méiglechketen
Den LPEM invitéiert den 23.Mäerz op seng Porte Ouverte an der Beggener Strooss an der Staad, vu Mëttes 1 bis 5.
An dëser sympathescher Schoul, wou d’Schüler vu 7ème bis 5ème a klenge Klassen gutt encadréiert ginn, kréien si och Cours d’Appuien an Hausaufgabenhëllef ugebueden.
Op der 7ème bitt de Lycée Emile Metz och eng Bréck tëschent der Voie de Préparation an dem Secondaire Général un.
No der 5ème si méiglech, souwuel Technique Générale Informatique, wéi och den Technicien an d’Beruffsausbildung an de Beräicher Holz, Metall, Elektro, Smart Technologies, Informatik a Mécanique.
An de fräie Stonnen gi vill Aktivitéiten ugebueden, vum Makerspace iwwer Theater, Sport a Schach.
Méi Info op lpem.lu